
Op der Bunn geet d'Zuel vun de Passagéier och dëst Joer erëm an d'Luucht. Dat huet de Generaldirekter vun den CFL, de Marc Wengler, um Kongress vum Syprolux verroden. Schonn elo geséich een, datt mat enger Hausse ze rechnen ass, déi zweestelleg dierft sinn, quitte datt se net un déi 30 Prozent vun zejoert erukënnt.
D'Bauaarbechten wieren donieft op engem historeschen Héichpunkt an dat wier eng Erausfuerderung fir d'Clienten, mä och fir d'Mattarbechter. Fir hir Rechter setzt de Syprolux sech an, dorunner huet déi al an nei Presidentin vum Syndikat, d' Mylène Bianchy,
gëschter Owend keen Zweiwel gelooss Dany Rasqué.
28/11/2024 Syprolux online DR
Am meeschte gelies