IDEA, eng Denkfabrik vun der Chambe de Commerce, feiert dës Woch hiren zéngten Anniversaire. Fir déi Geleeënheet war hire President Michel Würth de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. A sengen Ae wier IDEA – obwuel et mat 10 Joer nach “e Kand” wier - en Erfolleg: all d’Parteien an d’Regierung géingen op d’Fondatioun lauschteren. Fränz Aulner

28/11/2024 BAND Résumé Invité Würth 12h40 (Online)