De Mérite culturel vun der Stad Esch gëtt et elo schonn 20 Joer. Hei gi Kënschtler a kulturell Veräiner fir hir besonnesch Leeschtungen an der Escher Kultur Szeen geéiert. 

Leschte Freideg war et nees esouwäit, an d'Lauréatin déi Kéier housch Désirée Nosbusch.
De Christian Schmit war bei der Zeremonie am Escher Theater mat dobäi.

16/12/2024 Mérite culturel fir Désiree Nosbusch (MAT USO)

Sculpteur, Schrëftsteller, Pianist, awer och Choralen, Harmonien an Theater Ensemblen vun Esch hu schonn dierfen dëse Mérite Culturel entgéint huelen. 2024 elo da fir d'Actrice, Produzentin a Présentatrice Désirée Nosbusch. D'Présidentin vun der Kulturkommissioun Daliah Scholl erkläert dëse Choix?

Désirée Nosbusch, hat lieft am Fong geholl di Multi Kultur déi mir hei zu Esch hunn. Lieft et am Ausland a bréngt et an d'Ausland eraus, an ech denken eng besser Ambassadrice kënne mir am Fong net fir eis Stad Esch hunn. 

RTL

Désirée Nosbusch, zu Esch op d'Welt komm, sollt jo mat sénge villen Talenter wierklech international Karriär maachen. An enger RTL Biografie, déi gewise gouf, konnt een dat nach eng Kéier Revue passéiere loossen. 

Regelméisseg ass Désirée op der däitscher Telé ze gesinn, sief et mam Irland Krimi, oder wéi elo rezent nees bei der Moderatioun vum OPUS Klassik 2024 am Oktober zu Berlin.

2019 gouf et den däitsche Grimme Präis fir Télé Serie Bad Banks, elo de Mérite Culturel vun der Stad Esch. Och heiriwwer freet e sech?

Et gëtt näischt méi Schéines, näischt wat e méi beréiert, wat e méi glécklech mécht, wéi wann e vun doheem eppes kritt. Wanns du mierks du bas wëllkomm doheem, du gëss gesinn, do ka kee Grimme Präis mathalen. Ech si bouch bé, an hu scho vill Tréine verdréckt den Owend. Mäin Esch, mäi Land, wéi oft ech mam T-Shirt Minettsdapp duerch Los Angeles gelaf sinn, an de Leit versicht hunn ze erkläere wat Minettsdapp heescht. Et gëtt keng méi schéi Recompense. Wierklech!

RTL


Fir d'Laudatio gouf den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden ausgewielt, an den Invité surprise war keen aneren wéi d'Sängerin Maggie Park.

Iwweraschung gelongen, Désirée Nosbusch?

Total. Iwwerhapt ech wousst jo guer näischt. An dann de Gast an d'Maggie dat si Frënn. Ech hunn och net d'Gefill dass dat do alles kann iwwer mech sinn.

Wat sinn di nächst Projeten op déi mir eis dierfe freeën?


Et kommen der vill. Wëll bei mir am Moment ech hunn déi grouss Chance dass ech esou vill schaffe wéi seele virdrun. dat heescht eis Projeten mat Due Productions zu Lëtzebuerg gi weider. Poison kënnt den 11. März an de Kino. De Film deen ech réaliséiert hunn. Ech hunn elo an Däitschland elo erem "Ein Fall für Conti" en Irand Krimi weider gedréint. Ech presentéieren, dat dierf ech nach net offiziell soen, eppes ganz Grousses zu Berlin. Kann e sech ausrechne wat dat kéint sinn.

Jo a mat Gast Waltzing a David Labourier war di Zeremonie fir de Mérite Culturel vun der Stad Esch dann och musikalesch wonnerbar encadréiert. 

RTL

  

Felicitatiounen och vun eiser Säit un Désirée Nosbusch.