
Leit ouni Daach iwwert dem Kapp ginn dacks aus eiser Gesellschaft ausgeschloss, se gi vergiess an stigmatiséiert. Dobäi ass et e Phänomen dee weltwäit ëmmer méi zouhëlt a virun deem een d'Aen net méi zoumaache kann. Wéi e Rôle Stied a méi spezifesch d'Architektur an all deem spille kënnen, a wat et u Léisungen gëtt fir d'Leit vun der Strooss ze huelen, dat kann een de Moment an der Expo "Who's Next" am Neimënster gesinn. Eng Zesummenaarbecht tëscht dem Architekturmusée vu München an Inter-Actions. D'Claudia Kollwelter war d'Ausstellung kucken:
29/11/2024 Expo "Who's Next?" 12h15 - Rep. Claudia Kollwelter
Am meeschte gelies