Déi Helleg Bäerbel ass d'Schutzpatréinesch vun enger Rëtsch Beruffsgruppen, dorënner och d'Pompjeeën. Hire Gedenkdag ass zwar de 4. Dezember, ma scho gëschter/um Méindeg huet de Corps grand-ducal d'incendie et de secours, kuerz CGDIS, Bäerbelendag gefeiert. Dobäi gouf engersäits de Bilan vum leschte Joer gezunn an anerersäits no vir gekuckt. An do waarden nawell genuch Erausfuerderungen, Marc Hoscheid.