Fundamental Gewerkschaftsrechter gehéieren net a Fro gestallt,
d'Politik kann de Sozialdialog net an d'Fënster stellen obschonn en net richteg funktionéiert an d'Regierung huet vun de Pensiounen ewech ze bleiwen.

Ënnert anerem déi Messagen huet d'CGFP den Éieregäscht, dorënner och de Minister fir den ëffentlechen Déngscht op der Conférence des comités mat op de Wee ginn.

Éieregäscht waren dës Kéier nawell eng Partie do an dat louch dorunner datt den 115ten Anniversaire vun der Gewerkschaftsbeweegung am Staatsdéngscht gefeiert gouf, Dany Rasqué

03/12/2024 CGFP online DR