Aktuell ass Hëllef um Terrain nach eng ASBL, ma HUT soll awer spéider an eng Fondatioun transforméiert ginn. Wärend ee mat der Erica Monfardin eng nei Finanzdirektesch agestallt huet, ass een nach op der Sich no engem neie Generaldirekter. Et hätt een och schonn eng Rëtsch Kandidature kritt. Wat dat Finanziellt ugeet, hätt ee sech bis elo domadder zeréckgehalen, fir bei d'Leit heem ze goen an no Spenden ze froen. Am Ufank wier ee virun allem op d'Sue vun de Fondatiounen, déi Member bei Hëllef um Terrain sinn, ugewise gewiescht, esou de Christian Billon, President vum Verwaltungsrot vun HUT.
"Les fondations, qui sont là dès le départ, sont des fondations qui ont apporté un Cashflow. Ce que nous a permis effectivement de pouvoir fonctionner. Aussi l'État nous a soutenu très généreusement au début, donc on était là immédiatement. Mais c'était indispensable d'avoir ce genre de ressources pour pouvoir démarrer l'activité. Il faut pas oublier que nous sommes 350 et qu'il y a énormément de frais, de dépenses, de salaires et beaucoup de choses autour qui doivent être financées, donc c'est important d'avoir cette aide au départ, ce coussin de sécurité."
Mëttlerweil géing een awer méi offensiv no Spende froen. Sief et bei Entreprisen, mee no an no och iwwert d'Medie bei Privatpersounen. Ouni déi Sue géing et nämlech net goen. Et wéilt een de Leit d'Projeten, fir déi hir Done genotzt ginn, genee erklären.
Hëllef um Terrain huet dann och eng Rëtsch Konventioune mat verschiddene Gemengen. Wéi vill genee konnt de Christian Billon net direkt soen. Ma dës wiere wichteg an d'Gemenge wieren HUT och deels entgéint komm.
"On a surtout une nouvelle convention avec la ville d'Esch-sur-Alzette pour l'épicerie sociale. Je remercie le bourgmestre qui nous a vraiment aidé dans ce mdomaine, car Caritas finançait seule cette épicerie sociale, donc ça c'est une très bonne nouvelle. On a encore des conventions avec la ville de Redange pour l'épicerie sociale, la ville de Luxembourg, on a plusieures conventions."
Datt et Hëllef um Terrain iwwerhaapt gëtt, geet op massiv Detournementer bei der Caritas zeréck. De Parquet enquêtéiert an éischter Linn wéinst dem Verdacht op de Presidententrick. Ass ee bei HUT da lo besonnesch op der Hutt?
"Oh la la bien sûr, certainement. On a mis en place une gouvernance, qui est extrèmement solide. On a un conseil d'administration qui est solide, qui se réunit pour l'instant chaque semaine. On a un reporting hebdomadère de la responsable administrative et financière. On a également un monsieur qui s'occupe à temps partiel de la coordination opérationnelle. On a mis en place des pouvoirs pour engager HUT et pour les signatures bancaires qui est très précis, qui est un tableau très précis."
Um Enn vum Joer kuckt een zwar engersäits gär no hannen, ma anerersäits hëlt ee sech och gutt Virsätz. Wat sinn dann d'Ziler fir dat nächst Joer?
"Premier objectif c'est d'être une activité qui soit stabilisée. Que le personnel se retrouve dans une situation calme et qu'ils puissent travailler et se concentrer sur leur métier. Parce que avec ce que s'est passé cette année, ces personnes étaient énormément mis à contribution."
Zum Schluss wëllt de Christian Billon nach ee Merci un d'Caritas lassginn, well dës an engem Schreiwes hiren Donateure proposéiert huet, hir perséinlech Donnéeën un HUT weiderzeleeden. Am Bréif heescht et, et géing een elo scho fir dat zukünftegt Engagement zugonschte vun deene Schwächsten an der Gesellschaft Merci soen.