Ouni direkt wëllen ze vill ze verroden:

D'Oppositiounsparteien hunn d'Regierung am Kloertext op der Tëlee net onbedéngt mat de Samettenhändschen ugepak.

Et goung gëschter Owend ëm ee Joer Bilan vun der Regierung Frieden - Bettel an do huet et geheescht de Premier hätt säi Buttek net am Grëff, et wier Chaos provozéiert ginn, d'Kommunikatioun wier schlecht an et wier eigentlech just waarm Loft komm. 

D'Dany Rasqué resuméiert d'Diskussioun.

06/12/2024 Kloertext online DR