Lëtzebuerg brauch eng Uniklinik, do ware sech eis Invitéen an der Emissioun Background eens. Och datt d'Digitaliséierung grouss Chance bitt fir sech méi op déi eigentlech Aarbecht um Patient konzentréieren ze kënnen. Déi misst eng absolut politesch Prioritéit sinn, sot d'Ex-Santésministesch Paulette Lenert. Diskussiounen gouf et iwwert de System vum Paiement immédiat direct. D'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun huet manifestement nach net verquësst wéi mat hinne verfuer gouf. Claude Zeimetz

14/12/2024 Background Santé - Résumé