Allgemeng sinn d‘Leit zefridden mat der Aarbecht vun der schwaarz-bloer Regierung. Dat goung aus dem éischten Deel vum neisten Politmonitor ervir, deen de Meenungsfuerschungsinstitut Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort am November realiséiert huet – eng representativ Ëmfro bei der am November ronn 1060 Erwuessener matgemaach hunn. Ma am zweeten Deel, gëtt nach eemol däitlech, dass d‘Leit sech nach vill méi vun der Regierung erwaarden, fir de Logementsproblem an de Grëff ze kréien. Pierre Jans

12/12/2024 BAND Pomo Aktu -7.15- jans (INTERNET)