
Rezent huet e Mann bei eis an der Redaktioun ugeruff an sech schrecklech iwwert d'Waardezäiten am "Centre de formation pour conducteurs" zu Colmer-Bierg opgereegt.
Hien sot hie misst dréngend de Cours maachen fir 3 Punkten um Führerschäin bei ze kréien.
Hien hätt -an zwar net fir d'éischt- 4 Punkten wéinst dem Handy hannert dem Steierrad verluer a misst dofir onbedéngt eppes ënnerhuelen.
Dat kann de Mann och maachen, allerdéngs net sou séier wéi hien sech dat virgestallt hat.
5 Méint misst hie waarden hat hie gesot kritt an dat ass och esou, Dany Rasqué
16/12/2024 Punkteführerschäin CFC online DR
Am meeschte gelies