Mir si ganz wäit ewech vun deem wou mer misste sinn. Net nëmme Lëtzebuerg mä och aner Länner, dat sot de Moien d'Arméiministesch Yuriko Backes am RTL-Interview. Gëschter nach huet den neien NATO-Generalsekretär Mark Rutte gewarnt déi aktuell Militärausgaben géifen op Dauer net duergoen fir anstänneg ofschrecken ze kënnen. An der Press konnt ee scho liesen, datt d'nächst Joer schonn en neit 3%-Zil kéint decidéiert ginn. Och d'USA ënnert dem Donald Trump wëlle jo datt d'Alliéiert méi maachen. Fir Lëtzebuerg ass den aktuelle Militärbudget awer schonn eng grouss Erausfuerderung. Claude Zeimetz
13/12/2024 Yuriko Backes Invitée- Claude Zeimetz
Am meeschte gelies