
Haut virun 80 Joer huet d'Ardennenoffensiv ugefaangen. Bis Enn Januar, plazeweis esouguer bis Mëtt Februar hunn d'Kämpf am Éislek gedauert. An der ganzer Offensiv, déi och den Oste vun der Belsch getraff huet, si bal 20.000 amerikanesch a 17.000 däitsch Zaldote gestuerwen. Och 2.500 belsch a 500 Lëtzebuerger Zivilisten hunn hiert Liewe verluer, vill Dierfer ware quasi komplett zerstéiert. Am Podcast "80 Joer Battle of the Buldge Lëtzebuerg wärend der Ardennenoffensiv" beliichte mer verschidden Aspekter vun enger vun de bluddegste Schluechten vum Zweete Weltkrich.
Déi éischt Episod vum Podcast, an där et ëm d'Zäit virun der Offensiv an d'Attack op Clierf geet, kënnt Der elo schonn op rtl.play an deenen anere bekannte Streamingplattforme lauschteren. Déi zweet, an där et ëm d'Schluecht ronderëm Wolz an d'Schicksal vun de Krichsgefaangene geet, kënnt dann en Donneschdeg, den 19. Dezember.