
Méi wéi 70 Schëffer waren nom Accident op der Schleis zu Müden op der Musel blockéiert, bis gëschter Mëtteg 12 Auer konnten der awer 9 duerch eng provisoresch Konstruktioun duerch geschleist ginn.
D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an de Wirtschaftsminister Lex Delles ware gëschter bis op Mäertert an den Hafen fir sech op der Plaz unzekucken wéi d'Situatioun do ass, well den Accident an der Schleis huet och Konsequenzen op Lëtzebuerg - katastrophal sinn se allerdéngs net, Dany Rasqué.
18/12/2024 Visitt Hafen Mäertert online DR
Am meeschte gelies