Nodeems d’Stater Péitruss-Kasematte virun 2 Joer nees opgaange sinn, gouf elo och en neien Accueils-Pavillon ageriicht. 
400 Joer al sinn d'Kasematten a se zéie bis haut dausenden Touristen an och Lëtzebuerger Awunner un.
Mam neie Pavillon ginn et awer och eng Rei Changementer, d'Carla Schuller war an d'Stad kucken...

18/12/2024 BAND Kasematten Pavillon 17h40 / Carla Schuller (Internet)

D’Ziel vum Pavillon ass et, d’Visitte méi komfortabel a modern ze gestalten. Soss war et just méiglech Gruppe vu maximal 10 Leit mat Guide an d’Péitruss Kasematten erof ze schécken. Déi Visitten huet een och am Viraus misste reservéieren.
Elo kann een eng Visitt onofhängeg an am eegenen Tempo maachen. E Guide ass och net méi obligatoresch.
Dës Ännerung kënnt der grousser Nofro entgéint, erkläert de Marc Angel, President vum Luxembourg City Tourist Office:
“Et ass eng enorm Nofro. An de Bock-Kasematten an an de Péitruss-Kasematten hate mer dëst Joer bal 200.000 Visiteuren. Am Bock, do ka jiddereen ouni Grupp eran, soulaang en seng Entrée bezilt. Hei war dat awer net, et huet een sech missen umellen an en Ticket kafen. Vill Leit hunn dat schued fonnt a konnten net kommen. Elo si d'Péitruss-Kasematte méi zougänglech an dat ass wierklech e groussen Avantage.”

De Pavillon déngt awer net nëmme fir d'Vente vun de Billeten, mä och als neie Sécherheetsposten. De Benjamin Ballion, Sécherheets-Responabele beim LCTO:
"Maintenant, nous nous servons des douze téléphones de sécurité qui sont à l 'intérieur des casemates, avec un report direct à l 'agent qui est à l 'accueil derrière moi, et l 'agent qui fait les ventes de la journée est aussi en charge la sécurité du site et correspond aussi avec sa collègue ou son collègue qui est à l 'intérieur des casemates, qui est un agent déambulant, via les douze téléphones ou via des smartphones et la data du site en Wi -Fi" .

Mat dem neie System kéint een d’Visitten op ongeféier 340 Leit pro Dag am Wanter an iwwer dat duebelt am Summer, eropschrauwen.
Well d'Kasematten eng vun den Top-Attraktiounen am Land profitéiert den Tourismus generell vun dëse Changementer. Et wier e weidere Schrëtt fir den Tourismus an d’Kultur méi no beieneen ze  bréngen, seet de Kulturminister Eric Thill.