
D'Fotoausstellung "The Family of Man" gehéiert zanter 1994 zu Clierf wéi d'Abtei oder d'Schlass. 2003 gouf d'Family of Man zudeem an d'UNESCO-Weltkulturierwen opgeholl. All Joer kommen Dausenden Touristen op Clierf, fir sech dem Edward Steichen säi Wierk unzekucken. Well d'Leit an der Reegel e puer Deeg am Eck bleiwen, profitéieren déi lokal Hoteller, Restauranten a Geschäfter vun der Ausstellung. Ma zanter déi Responsabel vun der Family of Man virun e puer Méint beim Centre national de l'audiovisuel gekënnegt huet, geet zu Clierf d'Angscht ëm, datt d'Ausstellung d'Abteistad verloosse kéint, Marc Hoscheid.
23/12/2024 BAND Bleift d'Family of Man zu Clierf? 07h15 (online)
Am meeschte gelies