1989 gouf de Centre national de l'audiovisuel mam Jean Back als éischtem Direkter gegrënnt. Fir déi kulturell Offer ze dezentraliséieren, krut de CNA säi Siège zu Diddeleng. 2007 ass een an déi aktuell Raimlechkeeten Op der Schmelz geplënnert. Am Laf vun de Joren huet d'Technik am audiovisuelle Beräich ëmmer weider evoluéiert, wat och Repercussiounen op d'Aarbecht vum CNA hat an an Zukunft weider wäert hunn. De Marc Hoscheid mat engem Ausbléck awer och engem Stëmmungsbild.

23/12/2024 BAND Stëmmung an Zukunft CNA 12h40 (online)