2024 wäert d'Wirtschaft just ëm 0,5 Prozent vum PIB wuessen - a senger neister Konjunkturnott huet den nationale Statistikbüro Statec seng Previsiounen no ënnen ugepasst. Fir d'nächst Joer gëtt awer mat enger Reprise gerechent, mat engem Wuesstem vu ronn 2,5 Prozent déi nächst 2 Joer. D'Fanny Kinsch war de Moie bei der Presentatioun dobäi.

20/12/2024 Statec: 2025 nees Wirtschaftswuesstem vu +2,5% Rep: F. Kinsch

Vu virsiichteger Hoffnung op Verbesserung vun der Konjunktur goung do rieds - wann den europäesche Leetzëns weider erofgeet a Risike wéi politesch Instabilitéit an den Nopeschlänner an e méiglechen Handelskrich vun den USA sech net weider konkretiséieren. D'Entwécklung vun den Aarbechtsplazen ass awer nach lues, esou de Bastien Larue vum Statec.

"Avoir 1% de croissance de l'emploi au Luxembourg, c'est vraiment historiquement bas, et pour 2025, ça serait encore très bas, 1,4 %. Bien sûr, il y a des effets toujours décalés entre l'évolution de l'activité et l'évolution de l'emploi. Donc voilà, pour 2025, malgré que la croissance reprendrait, l'emploi reprendra aussi, mais quand même beaucoup moins vite, et en tout cas pas assez vite pour entraîner le chômage à la baisse."

De Chômage klëmmt dowéinst och nach weider op 5,9 Prozent d'nächst Joer. D'Inflatioun läit dëst Joer ënner engem Prozent, klëmmt awer mam Enn vum Gros vun den Energiehëllefen d'nächst Joer nees. Beim Elektresche gëtt just nach d'Hallschent vun der Präishausse gedeckelt an et trëtt eng nei Tarifberechnung fir d'Reseauskäschten a Kraaft - jee no Stot géing dat zu enger Präishausse vun 30 bis 50 Prozent féieren. Dat géing dovunner ofhänken, ob een zum Beispill elektresch hëtzt oder fiert, esou de Statecdirekter Tom Haas.
"Dat kann effektiv bis zu 50% goen, am Fall vun, wann ee Stot eben een Elektroauto huet an eebe géif dee séier lueden. Well do muss een och natierlech soen, datt déi Berechnungen dann eebe sinn, datt am Fall wou de Konsum géif onverännert bleiwen. An natierlech ass d'Zil vun där Reform vun de Reseauskäschten natierlech, datt de Konsum éischter gestreckt gëtt."

D'Recettë beim Staat ginn zréck, wéinst den Adaptatioune bei de Steierbarèmen a wéinst enger Baisse bei de Ventë beim Sprit, esou de Gabriel Gomes vum STATEC.

"Plus à moyen terme, il y a aussi les accises sur le tabac. Donc on s'attend encore à une évolution dynamique l'année prochaine, mais cela est dû à des prix plus avantageux au Luxembourg, comparé à des pays voisins, notamment avec le prix du tabac qui augmente dans ces pays. On s'attend à une stabilisation de cet écart pour la suite."

Doduerch datt d'Ventë beim Sprit zréckginn, ginn d'Emissiounen awer och erof. Dem Statec no wäerten d'Klimaziler bis 2026 erreecht ginn.