Bei de Finanzen a bei der Gestioun missten d'Gemenge méi kontrolléiert ginn - dat huet de Claude Reuter, President vun der Gemengegewerkschaft FGFC, de Moien hei op der Antenn gefuerdert. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Rieds goung vu Mëssstänn an eenzele Gemengen a méi allgemenge Problemer am Secteur. D'Fanny Kinsch mam Resumé.

23/12/2024 Gemengen: FGFC fir méi Kontroll bei Finanzen a Gestioun R: F Kinsch