Aktuell ginn et 100 Gemengen an 100 kommunal Bautereglementer. Ma eng Rei Reegelen aus deene Reglementer waerten an Zukunft an engem nationale Bautereglement fixéiert ginn. Et handelt sech ëm eng vun de Mesuren aus dem Mesurëkatalog vun der administrativer Vereinfachung, deen d’Regierung den 19. Juni présentéiert hat. Et geet drëms, datt „méi a méi séier“ ka gebaut ginn, ewéi de Premier Luc Frieden am Februar nom Logementsdësch deklaréiert hat. Fränz Aulner

27/12/2024 BAND Bautereglement 17h40 (ONLINE)