All Joer organiséiert de Lycée Classique vun Dikrech am Januar eng Semaine de la mémoire. Dëst Joer steet déi Woch ganz am Zeeche vun der Erënnerung un den Zweete Weltkrich, dee virun 80 Joer op een Enn komm ass. E Méindeg goufen nieft enger Tabe ronde och siwe Workshops organiséiert, an deenen de Schüler verschidden Aspekter vum Zweete Weltkrich méi no bruecht goufen. De Marc Hoscheid war fir eis an den LCD kucken.

22/01/2025 BAND COMMEMO LCD 07h15 (online)