An der Nuecht vum 21. op den 22. Januar 1945 gouf déi kleng Uertschaft Draufelt haart vun der Ardennenoffensiv getraff. Op hirem Réckzuch hunn déi däitsch Zaldoten 13 Gebaier a Brand gestach, bei zwee weideren hat et net geklappt, well si angeeblech vun Ziviliste beschoss goufen. Wärend an der Vergaangenheet un déi schlëmm Evenementer erënnert gouf, war dat dëst Joer net de Fall. 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich ass et grad a klengen Dierfer net evident, d'Erënnerung lieweg ze halen, Marc Hoscheid.

22/01/2025 BAND COMMEMO Draufelt 12h15 (online) OK!!!!!