
© Témoins de la 2e Génération
"Auschwitz ass e Symbol. Auschwitz ass dee gréisste Kierfecht op der Welt. All Stéck Buedem ass voller Blutt, voller Kadaveren."
Esou huet de Jacques Rotenbach de Konzentratiouns- an Exterminatiounscamp beschriwwen, deen haut virun 80 Joer vun der Rouder Arméi befreit gouf.
Tëschent 1,1 an 1,5 Millioune Leit sinn do ëmbruecht ginn. Iwwer 80 Prozent ware Judden.
De Jacques Rotenbach war, ënnert anerem am Camp zu Auschwitz, huet iwwerlieft an ass Jorelaang mat Schüler an Erwuessenen, dorënner d'ASBL "Témoins de la 2e Génération", dohinner zeréck gaangen fir datt d'Brutalitéit an d'Grausamkeet vum Nazi Regimm an de Massaker un all deenen onschëllege Mënschen net vergiess gëtt.
D'Dany Rasqué huet hie virun 20 Joer op enger vun deene Reese kennegeléiert an huet seng Messagen vun deemools versuergt.
27/01/2025 Auschwitz 1 Jacques Rotenbach online
Am meeschte gelies