"Dës Plaz soll fir ëmmer e Kreesch vu Verzweiwlung a Warnung fir d'Mënschheet sinn. Hei hunn d'Nazien eng annerhallef Millioun Männer, Fraen a Kanner, d'meescht Judden, aus verschiddene Länner vun Europa, ermuert. Auschwitz-Birkenau 1940 - 1945."

Dat ass de Lëtzebuergeschen Text op der Commemoratiounsplack beim internationale Monument zu Birkenau.

Op der Zeremonie fir den 80sten Anniversaire vun der Liberatioun sinn haut nach e puer Leit dobäi, déi d'Nazi-Campen iwwerlieft hunn, mä et ginn net méi vill Zäitzeien.

Ee vun hinnen war de Benjamin (franséisch ausgeschwat) Silberberg, dee reegelméisseg mat der ASBL Témoins de la 2e Génération op Auschwitz gefuer ass, wou d'Dany Rasqué hie virun 20 Joer eng éischte Kéier begéint huet.

27/01/2025 Auschwitz 2 Benjamin Silberberg online DR