De Moien war de Start vun den Assisen am Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt. Gutt 150 Acteure vum Terrain sinn am Centre de formation et de seminaires zu Réimech (CEFOS) zesummekomm fir sech an Atelieren auszetauschen an der Regierung hir Fuerderungen an Doleancë mat op de Wee ze ginn. D’Resultater aus deenen Assise sollen duerno an en nationalen Aktiounsplang géint geschlechtsbedéngt Gewalt mat afléissen, deen d’Regierung am Koalitiounsvertrag virgesinn huet, Marlène Clement.

20/01/2025 BAND Assisen geschlechtsspezifesch Gewalt 17h40 Marlène

Et wier eng “Mammutaufgab”, esou d’Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, Yuriko Backes. Fir d’Situatioun ze verbesseren, misst een op ganz vill Piste schaffen an Zesummenaarbecht mat den Organisatiounen, Vertrieder aus der Zivilgesellschaft an den zoustännege Ministèren.

"Wat Preventioun ugeet, wat Formatioun ugeet, wat d’Verbesserung vum legale Kader ugeet. Fir dat an engem Plan d’action zesummenzebréngen an och ëmzesetzen. “

Bei geschlechtsbedéngter Gewalt géing et sech och, anescht wéi dacks ugeholl, net eleng em haislech Gewalt handelen, d’Pallett wier leider ganz breet, esou d’DP-Ministesch.

"Mir schwätze vu sexueller Gewalt, vu physescher Gewalt, vu psychescher Gewalt, vun ekonomescher Gewalt, vu verbaler Gewalt. Also ganz vill Forme vu Gewalt, wou sech dat dann deklinéiert. An alles wat mer am Ausland gesinn, dat hu mer och zu Lëtzebuerg."

Wéi aus enger rezenter Etüd vum Europäeschen Institut fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer ervirgeet, ass all drëtt Fra schonns Affer vu physescher oder sexueller Gewalt ginn. Allerdéngs géing nëmmen all aacht Fra, déi kierperlech oder sexuell Gewalt erlieft huet, eng Plainte maachen. Am Joer 2018 huet d’ Regierung d’Konventioun vun Istanbul ratifizéiert. Een Ofkommes vum EU-Conseil fir d’Bekämpfung vu Gewalt géint Fraen an haislecher Gewalt. Am nationalen Aktiounsplang géint geschlechtsspezifesch Gewalt ass och eng Ulafstell fir Männer virgesinn.

"Ech mengen d’Realitéit ass, datt mer vill méi Affer hunn déi Frae sinn. Mee, datt mer männlech Affer hunn, ass eng Realitéit. Deem musse mer Rechnung droen. De MEGA-Ministere setzt sech net nëmme fir d’Rechter vun de Fraen an, de MEGA setzt sech fir d’Rechter vun der ganzer Gesellschaft an. Ob dat Frae sinn, ob dat Männer sinn, ob dat LGBTIQ+ Communautéite sinn."

Nach virum Summer soll den nationalen Aktiounsplang mat konkrete Mesure géint geschlechtsspezifesch Gewalt presentéiert ginn, huet d’Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit präziséiert.