Fir Immobiliëprojeten ze realiséieren, kënne Promoteuren ënner Konditioune vun elo un eng Co-Finanzéierung vun der Bank kréien wann se just 30 Prozent vum Wäert vum Projet am Viraus verkaf hunn. Dat gouf haut op enger gemeinsamer Pressekonferenz vun der Chambre Immobilière an der Bankenassociatioun ABBL annoncéiert. D'Fanny Kinsch mat den Detailer.

21/01/2025 Wunnen op Bau: Nei Mesurë vu Banken a Promoteuren R: F Kinsch

Zanter Juli 2024 scho war deen Taux vun 80 op 50 Prozent erofgesat ginn, fir de Wunnengsbau unzekierpen. Well de Verkaf vu Wunnengen op Plang nach ëmmer net esou ugezunn huet wéi erhofft, geet de Virverkaafstaux bis Enn Juni dëst Joer weider erof, esou den ABBL-Generaldirekter Jerry Grbic. 

"Am Austausch mam Marché hu mer festgestallt, dass et fir verschidde Promoteure momentan ebe schwéier ass op déi 50% ze kommen, soudass mer an deenen Diskussiounen elo gesot hunn, mir setzen deen Taux de prévente erof op 30%."

Bis elo wier just een Dossier mat engem Virverkaafstaux vu 50 Prozent accordéiert ginn.

D’Projete mussen awer gewësse Critèren erfëllen, ënnert anerem dierfen d’Appartementer net méi wéi 1,2 Milliounen Euro kaschten.

"Mir wëllen domadder, dass d'Corps de métierë weiderhin Aarbecht hunn, iwwerliewen, dass Aarbechtsplazen net verluer ginn an natierlech, dass mer Logement op de Marché bréngen."

Déi méi gënschteg Konditioune fir d’Promoteure ginn erméiglecht duerch Prolog Luxembourg SA, eng gemeinsam Initiativ vun der Spuerkeess, der BIL, der Raiffeisebank an der SNCI.

D’lescht Joer hätt een eng Reprise um Immobiliëmarché gesinn, esou de Jean-Paul Scheuren vun der Chambre Immobilière de Moien, allerdéngs virun allem bei de Bestandswunnengen a manner bei de Wunnengen déi eréischt gebaut ginn. Et géing een och feststellen, datt d’Loyere staark geklomme sinn, wat engem géing Suerge maachen, a wat een drop géing zréckféieren, datt net genuch gebaut gëtt. An de leschte Joren hätt ee sech ze vill un der Entwécklung vun de Wunnengspräisser orientéiert.

"Mir ginn dovun aus, dass doduercher, dass mer eis op Statistike vun de Präisser baséiert hunn, och am Secteur, beim Developpement, also op der Säit vun der Offer, dass do Projeten entwéckelt gi sinn zu enger Zäit 2020-2021, déi eigentlech schonn niewent dem Marché waren an doduercher eigentlech déi Kris, déi mer kannt hunn an de leschte Jore verstäerkt hunn."

Ee Grond, firwat d’Verkeef vu Wunnengen op Plang bis elo nach méi lues viru ginn, wier datt et e gewësse Vertrauensverloscht bei de Clientë ginn hätt. Fir nees Vertrauen opzebauen huet d’Chambre Immobilière eng Charta entwéckelt. Dora sinn och Sanktioune virgesinn, esou de Jean-Paul Scheuren.

"Bei de Sanktiounen hu mer eis e Wee iwwerluecht, well mer gesot hunn, jo, wann d'Charte do ass, da muss se och e Poids hunn, wou mer gesot hunn, wann ee sech wierklech net un d'Charte hält, mer hunn en informéiert, dass e sech muss conforme setzen, wann dat net kënnt, dass mer och en "name and shame" kënne maachen, dat heescht, dass mer dee kënnen an der Press nennen, dee sech elo net méi un déi Charte hält, wat natierlech en Imageschued wier, wou mer mengen, dass dat d'Leit dovunner ofhält, fir esou wäit ze goen."

D'Promoteuren déi d'Charta ënnerschreiwen engagéieren sech ënnert anerem wat de Respekt vun den Delaien ugeet an Transparenz vun de Präisser.