Méi Explikatiounen zu den eegene Rechter, méi Beschäftegungsoptiounen an eng garantéiert Visitt beim Dokter bannent den éischte 24 Stonnen. Dat sinn nëmmen e puer Fuerderunge vun der Ombudsman Claudia Monti, fir d'Prisonéier um Uerschterhaff. Si huet haut de Rapport vun hirer éischter Visitt am neie Prisong presentéiert. Maxime Gillen.
Gréisser Problemer ginn et um Uerschterhaff wuel keng, esou de Constat vun der Ombudsman. Ma dofir awer e sëllege Punkten, déi kéinte verbessert ginn. Ënnert anerem sollt an hiren Ae garantéiert sinn, datt all Prisonéier bannent sengen éischte 24 Stonnen am Prisong en Dokter gesäit.
„Dir hutt forcement Leit, déi an de Prisong kommen, déi krank sinn. Déi eng si Suchtkrank, déi aner hu gewësse Pathologien. Do ass e Suivi médicale, dee vläicht séier muss assuréiert ginn. Dir hutt och vläicht Leit, déi Dir guer net kennt, déi vläicht eng ustiechend Krankheet hunn, wou muss gekuckt ginn, ass do iwwerhaapt eng ustiechend Krankheet? Dat ass dann och de Schutz fir déi Persoun, mä och vun deene ronderëm. Dann hutt Dir Leit, déi psychiatresch Problemer hunn, wou eng Prise en charge muss gemaach ginn. Et muss ee wëssen, datt Suiciden normalerweis déi éischt Deeg vun der Detentioun kommen. Do muss ee kucken, datt een dat esou séier wéi méiglech entdeckt, ob do e Problem ass, net all Mënsch seet, ech hunn e Problem a mir geet et schlecht.“
Da feelt et, der Ombudsman no, och u Beschäftegungsméiglechkeeten am Prisong. Et ginn net genuch Aarbechtsplazen. An och d'Optioun fir erauszegoen, léisst um Uerschterhaff ze wënschen iwwreg. Et gëtt nämlech just en Haff um Daach vum Gebai.
„Bon et ass en Deel do, wou s du dech zwar kanns e bëssen ënner Daach stellen, wou s du e bësse geschützt bass. Mä fir de Rescht kanns du nëmme ronderëm lafen. Dat ass zwar och an engem Haff esou, mä an engem Haff bass du um Buedem. Dat war ech mir och net bewosst, wéi wichteg datt et ass, datt s du kanns um Buedem sinn, datt s du kanns eng Kéier mat de Féiss duerch d'Gras goen. Hei hues du Beton. Alles dat sinn esou mënschlech Besoinen. Wéi gesot, du bass bestrooft, mä du bass dengem Mënsch-sinn net ewechgeholl. Dat ass dat, wat mir e bësse kritiséieren.“
Un der Infrastruktur léisst sech wuel näischt méi änneren. Ma datt et no 6 Joer nach ëmmer kee Reglement gëtt, mat de Modalitéite vum Fonctionnement vum Prisong, stéisst der Ombudsman e bësse sauer op.
„Am Gesetz gëtt ganz vill op dee Reglement zeréckgegraff. D'Fouillen ass ee Problem, dat heescht wéi mëss du Fouillen, wien däerf se maachen, wéini däerfs de se maachen? Do sinn och Detailer vun de Visitte gereegelt. Do sinn Detailer gereegelt, wat bezils du engem fir déi Aarbecht, déi e mécht. Jee dat alldeeglecht. Alles wat s de net am Gesetz gereegelt huet, gëtt an deem Reglement gereegelt. Mir kréie ganz vill Froe gestallt, wou mir soen, wa mir e Reglement hunn, da kënne mir eppes maachen. An ouni dat Reglement si mir e bësse blockéiert op ville Punkten.“
E weider Sujet, deen der Ombudsman no, eng Kéier am Fong muss diskutéiert ginn, ass d'Fro ob et soll eng Limitt ginn, wéi laang ee kann an Untersuchungshaft sëtzen. Aktuell gëtt et zu Lëtzebuerg dofir nämlech keng Begrenzung.