
De 27. Januar 1945 gouf mat Auschwitz-Birkenau dat gréisste Konzentratiounslager, dat d'Nazie bedriwwen hunn, vun der sowjetescher Arméi befreit. 7.000 Prisonéier goufen esou gerett. Vun 1940 bis 1945 waren allerdéngs tëscht 1,1 an 1,5 Millioune Mënschen, déi meescht dovunner Judde, am Lager ëmbruecht ginn. De Marc Hoscheid ass den Ament fir eis a Polen a war gëschter bei der Commemoratioun dobäi.
28/01/2025 BAND Commemo Auschwitz 07h15 (online)
Am meeschte gelies