An der Belsch si se scho verbueden, a Frankräich wäerten se geschwë verbueden sinn. D’USA mä virun allem Schweden  promouvéiere se dogéint. Lëtzebuerg sicht eng Zort Mëttelwee bei den Nikotinsäckelcher. Se solle ganz strikt reglementéiert ginn, virop fir d’Jugend ze schützen. Esou strikt, dass se eigentlech verbuede sinn, bekloen d’Produzenten.
D’US-amerikanesch Tabak-Firma Philip Morris zum Beispill hofft, d’Regierung bei hirem Projet de loi nach ëmzestëmmen. An dofir schéckt se och Delegéierter heihin op Missioun. Pierre Jans

31/01/2025 BAND Nikotinsäckelcher Morris -17.40- jans (INTERNET)

D’Tabak-Entreprise huet eng Delegatioun vu Bréissel inklusiv Lëtzebuerger Beroder geschéckt. Anscheinend net fir Lobbyaarbecht fir alternativ Tabakproduiten ze maachen. Mä fir opzeklären. Interpretatiounssaach. Philip Morris huet sech de Kampf géint d’Zigarette-Fëmmen op de Fändel geschriwwen. De Miguel Matos ass bei Philip Morris Direkter fir Benelux:
Haut ass d’Wëssenschaft ganz kloer. De Problem mat den Zigaretten sinn net den Tabak an den Nikotin. Mä et ass d’Verbrennen. Wann een eng Zigarett ufänkt inhaléiert een dausenden Chemikalien. Dat kann ee verhënneren wann näischt brennt. Nikotinsäckelcher sinn e Produit deen een ënnert d’Lêps plazéiert. Dir hutt den Nikotin, mä net dat Verbranntent.

Weltwäit maachen Tabak-respektiv Nikotinproduiten, déi net brennen 40 Prozent vum Netto-Revenu vum Tabak-Gigant aus: Vapen, gehëtzten Tabak awer eben och Nikotinsäckelcher sollen d’Zukunft sinn, seet de Miguel Matos:
Leider gëtt et zu Lëtzebuerg elo e Gesetzprojet, deen Nikotinsäckelcher de facto verbitt, well et en Nikotin-Deckel gëtt, deen esou déif ass, dass et fir e Fëmmert quasi kee Sënn mécht ze wiesselen.

D’Fondation Cancer gesäit dat ganz anescht. De Lex Schaul warnt:

De Problem ass, dass déi Nikotin-Sacheten e ganz héijen Dosage hunn. Do schwätze mir haut vu bis zu 20 Milligramm pro Säckelchen. Eng Zigarett huet ëm 1 Milligramm. A Jugendlecher reagéieren sensibel op Nikotin. Si riskéieren eng Vergëftung. Et kann hinne schlecht ginn zum Beispill.”

En plus gi se séier süchteg no de klenge Sacheten mat den lackeleche Gouten vun Menthe bis Eucalyptus. Voll am Trend sinn se allerdéngs. Philip Morris léisst de Reproche awer net gëllen, si géife geziilt Jugendlecher viséieren. De Géigendeel wär de Fall.
Et kann een d’Gouten reduzéiere fir et fir Mineuren net attraktiv ze maachen. Et kann een d’Verpackung sou maachen, dass ganz Jonker se guer net opkréien. Mir kënnen och mat der Verkeefer zesummeschaffen.

Reegelen, Taxen. Dogéint hätt een näischt. Mä e Verbuet géif de Schwaarz-Maart stäerken, behaapt op mannst de Produzent. D’Direktesch vun der  Fondation Cancer Margot Heirendt léisst dat Argument net gëllen. D’gesondheetlech Risiken fir d’Populatioun géifen iwwerweien.

Mä den Philip Morris Manager an d’Presidentin vun der Fondatioun wëssen: op déi bis zu 2 Milliarden Euro u Steierrevenuen um Tabak – nach ëmmer am meeschten déi klassesch Zigaretten – kann d’Regierung wuel nëmmen schwéier verzichten.