
Wärend d'Regierung dovunner schwätzt fir d'Ouvertureszäiten am Commerce ze liberaliséieren, esou datt ee Moies éischter kann opmaachen oder Owes méi laang kann ophunn an och Sonndes méi duerf geschafft ginn, stelle vill Elteren aus deem Secteur sech d'Fro wat se mat hire Kanner solle maachen, wann se an Zukunft vläicht eréischt ëm zéng Auer Feierowend hunn.
Besonnesch fir Mammen oder Pappen, déi hir Kanner eleng erzéien ass dat eng kriddeleg Situatioun.
Op d'mannst déi kleng Crèchen, kënnen do warscheinlech net hëllefen, Dany Rasqué.
30/01/2025 Crèchen online DR
Am meeschte gelies