Wéi funktionéiert déi Europäesch Unioun ? 
Wéi gi Gesetzer beschloss, a wéi beaflossen déi eisen Alldag ? 
Déi sougenannten Europa Experience am Europäesche Parlament 
um Kierchbierg liwwert d’Äntwerten op all dës Froen 
an dat op eng verständlech an interaktiv Fassong. 
D’Expo, déi zanter Mee 2024 op ass, 
ass  gëschter a Presenz vun der EU-Parlamentspräsidentin  
Roberta Metsola an dem Ierfgroussherzog offiziell ageweit ginn
D’Emmanuelle Schmit huet sech dat fir eis ugekuckt.

31/01/2025 Europa Experience / Reportage: Emmanuelle Schmit