Iwwer 1.000 Mënsche stierwen zu Lëtzebuerg an der Moyenne all Joer u Kriibs. Dat ass ¼ vun allen Doudesfäll zu Lëtzebuerg. D‘Kriibsfuerschung mécht awer Fortschrëtter, d‘Iwwerliewenschancë bei enger fréizäiteger Behandlung klammen. Notamment duerch eng méi personaliséiert a cibléiert Immuntherapie. Chris Meisch
All Joers ginn zu Lëtzebuerg iwwer 3.000 nei Kriibsfäll diagnostizéiert. Zu Lëtzebuerg liewen eng geschaten 18.000 Leit mat Kriibs. Bei de Männer ass de Prostat-Kriibs am heefegsten, bei de Fraen de Broschtkriibs. Duerno kënnt de Kriibs vum Daarm, vun de Longe ma och Hautkriibs. An der Kriibsfuerschung gëtt et awer Fortschrëtter. Den Dr. Guy Berchem, Directeur médical vum CHL.
„D‘Leit liewen effektiv an deene leschten 20 Joer ee gutt Stéck méi laang, duerch de Fortschrëtt, notamment duerch d‘Immuntherapie, notamment duerch vill méi cibléiert Behandlungen op spezifesch Saachen, déi an de Kriibszelle futti sinn, also genetesch Mutatiounen zum Beispill wou een eng Pëll ka kréien. E gutt Beispill ass do de Longekriibs, wou mir ënner 10% survie op 5 Joer hate virun 10 Joer, wou mir elo awer deck iwwer 20% leien.“
D‘Immuntherapie ass eng Kriibsbehandlung, déi sech net un d‘Kriibszell selwer adresséiert. Se aktivéiert den Immunsystem. Nach eemol den Onkolog, Dr. Guy Berchem.
„D‘Kriibszell wëll jo iwwerliewen, also schéckt si Saachen an d‘Zirkulatioun, déi den Immunsystem bremsen oder entschlofen. Also d‘Immunzelle ronderëm eng Tumeur si wéi am Déifschlof an do hu mir elo déi Mechanismen oder verschiddener vun deene Mechanismen an deene leschten 10 Joer entdeckt, Medikamenter déi da kënnen den Immunsystem erëm erwächen.''
Ëmmer méi Frae gi mat Kriibs diagnostizéiert. Grënn dofir sinn déi nämmlecht wéi bei de Männer, eng schlecht Ernierung, ze wéineg Beweegung oder och Loftverschmotzung. D‘Fëmmen an och de renge Stëbs, wiere fir Frae méi kriibserreegend wéi fir d‘Männer, esou nach den Dr. Guy Berchem. De Risk u Longekriibs ze stierwe klëmmt bei der Fra. Enger Etude vum „Luxembourg Institute of Health“ an der Santés-Direktioun no, géingen an de leschte 25 Joer d‘Zuele vun de Fäll déi déidlech ausginn, all Joers em 2,1% erof goen. Dat ass awer net bei all Kriibsaart de Fall. D‘Claudine Backes, wëssenschaftlech Directrice vum nationale Kriibsregëster.
„Wat mir och gesinn international, d‘Zuel vun de Fäll ginn ëmmer méi an d‘Luucht. Dat ass och bedéngt duerch ëmmer méi Preventioun, D‘Leit si méi opmierksam iwwer Kriibs, et schwätzt ee méi driwwer, et weess een dass een éischter ka bei den Dokter goen dat heescht et huet een ëmmer méi Fäll, mee mir gesinn awer och d‘Leit ginn engersäits ëmmer méi al, dat heescht et huet een ëmmer méi Leit, déi potentiell kënne Kriibs kréien, well ee vun den heefegste Risikofacteuren ass nach ëmmer den Alter.“
Dat géing awer och doru leien, dass een zu Lëtzebuerg eng relativ héich Croissance vun der Populatioun huet. De „Programme de Depistage“ géing am beschten hëllefe fir eng fréizäiteg Behandlung a méi héich Iwwerliewenschancen, sou den Directeur médicale vum CHL.