Jiddereen ass an d'Schoul gaangen, dowéinst wëllt och jidderee bei deem Thema matschwätzen. De Mëtteg war d'Educatioun dann och de Sujet an der Emissioun Background bei eis um Radio. Invitéë waren den Educatiounsminister Claude Meisch, d'Direktesch vum Lallenger Lycée a Presidentin vum Collège des directeurs Cynthia Recht an de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE Patrick Remakel. Dacks gëtt een éischter däischtert Bild vum Lëtzebuerger Schoulsystem gemoolt. D'Erausfuerderunge wiere grouss, do war ee sech eens. Ma dat heescht awer net, datt een de Kapp an de Sand stécht, Marc Hoscheid.
                        
Dee ganze Background kënnt Der wéi gewinnt zu all Moment op eisen digitale Plattformen nolauschteren an nokucken.