De Betriber d‘Méiglechkeet ginn ze wuessen an existent wirtschaftlech Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg ausbauen, si Prioritéite vum Pilotprojet „Triangle vert“. Et soll de Betriber erméiglecht ginn op hirem Terrain an d‘Breet oder Héicht ze bauen, amplaz op engem neien Terrain ze bauen. Domat wëll een ënnert anerem dem Manktem u bebaubarem Terrain entgéint wierken. Chris Meisch

05/02/2025 BAND Pilotprojet Triangle Vert 17h40 ChrisMeisch (INTERNET)

Well et e Manktem u bebaubaren Terrain gëtt, erfollegräich Betriber wëlle wuessen a gläichzäiteg esou mann wéi méiglech nei Fläche versigelt ginn, gëtt et de Pilotprojet „Triangle vert“. Betriber an den Industrie- an Aktivitéitszone sollen hir Gebaier je no Aktivitéit entweder an d‘Héicht oder Breet dierfe vergréisseren. De Steve Reckel, President vum Pilotprojet „Triangle vert“.

„Fir eis ass et eebe wichteg, dass eeben de Plazmanktem dee mir haut hunn, mir hunn absolut guer keng Méiglechkeet méi fir nei Entreprisen dohinner ze kréien, mee awer och fir déi Entreprisen, déi do si fir dass déi sech kenne verbreeden, dat heescht sech ze developpéieren. Déi zweet Saach, déi fir mech immens wichteg ass, mir mierken ëmmer méi, dass Logementsplaze benotzt gi fir Commercen oder fir Bürosraim an dass mir doduerch eeben duerch déi Densificatioun d‘Méiglechkeet besteet, dass si sech do usidelen an dann déi drëtt Saach sinn d‘Aarbechtsplazen, mir erhoffen eis domadder eng grouss Plus-Value fir eis Géigend.“

Op där enger Säit soll domat eng Verdichtung vum Bestand gemaach ginn an anerersäits wann aktuell Industriezone vergréissert ginn, sollen déi direkt no dem neien Prinzip amenagéiert ginn. Den Economisminister Lex Delles.

„Lëtzebuerg huet eng limitéiert Surface, wa mir méi op gréng Wise baue ginn, wat mir herno manner gréng Wisen hunn. Dat heescht Densificatioun ass e wichtege Volet wa mir nach weider Aktivitéite wëllen zu Lëtzebuerg hunn, wou mir op der enger Säit méi séier kënne viru komme well mir scho Reseauen, Infrastrukturen, aner Saachen hunn. Ka sinn, dass déi mussen ausgebaut ginn, mee mir hunn se schonn, zweetens firwat sinn déi Syndicats intercommunaux gegrënnt ginn, ma fir d‘Aktivitéiten aus den Dierfer eraus ze kréie well do Leit ronderëm wunnen.“

Gemeng Schengen ass eng vun e puer, déi ewell beim Pilotprojet matmaachen. Duerch d‘Musel an d‘Wéngerte wier den Terrain wou Entreprise sech kéinten néierloosse relativ geréng, esou de Buergermeeschter a Vize-President vum Pilotprojet Michel Gloden.

„Aus dem Grond si mir natierlech ganz frou, dass grad do wou den triangle vert ass, wou eng Autobunn ass, wou eng exzellent Ubannung ass, wou eeben dann envisagéiert gëtt eng extensioun vum Zoning ze maachen, dass eebe grad do wäerten Aarbechtsplazen entstoen, an ech mengen, dass grad dat fir eis Regioun immens wichteg ass.“ 

An enger éischter Phase gëtt de Projet nieft Schengen och zu Wolz ëmgesat.