E knappen Drëttel vun de Patienten an den Urgencen, hu kee festen Hausdokter. Dowéinst huet de Gesondheetsministère eng nei Campagne lancéiert ënnert dem Motto „I love my Hausdokter“. Domat wëll een d'Leit sensibiliséiere fir d‘éischt bei de Generalist ze goen, éier se an d‘Urgence oder bei de Spezialist ginn. 
An den Urgencë kéim et nämlech dacks zu immens laange Waardezäiten, woumat och de Leit déi wierklech dréngend Problemer hunn net gehollef wier, seet d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez.
Chris Meisch

07/02/2025 BAND Campagne-Santé 7h15 ChrisMeisch (INTERNET)