"D'Kënschtlech Intelligenz ass eng Revolutioun, déi d'Fassong wéi mer liewen a wéi mer schaffen iwwer Joren fundamental verännert."

Dat seet de Premier Luc Frieden, deen den Ament zu Paräis op engem Sommet ass wou et ëm d'KI geet.

De franséische President Macron huet d'Staats- an d'Regierungscheffen aus engen honnert Länner invitéiert, sech gemeinsam Gedanke ze maachen wéi een d'KI ënner mënschlecher Kontroll kann halen a wéi een awer och vun den Opportunitéiten, déi se bitt, ka profitéieren, Dany Rasqué

11/02/2025 KI Sommet online DR