De Gesondheetssystem stoung gëschter Owend am Mëttelpunkt vum Kloertext op der Tëlee.
"Den aktuelle System ass deier an net effikass genuch."
Zu där Conclusioun koum rezent den nationalen Gesondheetsobservatoire, deen eng éischt wëssenschaftlech Analyse no europäesche Standarde gemaach huet.
Et brauch also Reformen. D'Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer an d'Roll vum Hausdokter waren zwee Elementer an der Diskussioun.
D'Dany Rasqué resuméiert.

14/02/2025 Kloertext Sante 7h40 DR