Dat sot de Chef-Investisseur vun der Banque de Luxembourg Investments Guy Wagner haut op enger Presentatioun viru 50 Clienten a Banquieren. Och wann Obligatiounen, also Scholdpabeieren, méi stabel sinn, esou géing een op 10 oder 20 Joer gekuckt domadder u Kafkraft verléieren. D’Aktien hätten de Nodeel méi volatil ze sinn, mee laangfristeg géing een domadder seng Kafkraft erhalen.


De Fränz Aulner war bei der Veranstaltung dobäi an duerno beim Gérard Floener am Studio.



11/02/2025 Finanz-Perspektiven (17h40)