Manner Gebaier ofrappen a méi renovéieren an ëmbauen, dat ass d‘Uleies vun „House Europe!“, enger europäescher Biergerinitiativ, déi sech dofir asetzt datt d‘Renovatioun an den Ëmbau vu bestoende Gebaier an Zukunft an der EU zur Norm ginn. Virgëschter hunn 11 Acteuren aus verschiddenen Domainen, ewéi der Architektur, dem Denkmalschutz an der Fuerschung am Tramsschapp eng Table ronde organiséiert fir iwwer nei EU-Gesetzer ze diskutéieren, déi d‘Renovatioun an den Ëmbau vu Gebaier méi einfach, sozial an abordabel maache sollen.
Chris Meisch
14/02/2025 BAND "HouseEurope!" 17h40 ChrisMeisch (INTERNET)
Am meeschte gelies