E speziellen Aktiounsplang leet d’Handlunge vun der Regierung bei Attacke mat chemeschen, biologeschen, radiologesch oder nukleare Substanze fest. Och d’Police brauch dat richtegt Material, fir an esou engem Fall ze reagéieren. Gëschter gouf am Kader vun der Visitt vum EU-Kommissäre vum Budget fir Antifraude, dem Piotr Serafin en Deel vum Equipement gewisen, dat aus dem Fong fir déi bannenzegt Sécherheet vun der Europäescher Unioun mat finanzéiert gouf. Diana Hoffmann

13/02/2025 CBRN-Equipement Police 7h40 (Online)