Am Fong sollte si scho laang an hiren Haiser wunnen, ma an der Cité Ouschterbour zu Uewerkuer waarden eng Partie Keefer schonn zanter annerhallwem Joer dorobber, datt sech eppes um Chantier deet. D'Baufirmen hätten hinne scho viru méi wéi annerhallwem Joer gesot, datt se net méi vum Promoteur bezuelt géinge ginn. De Promoteur ass den internationale Grupp Capelli, deen am Juli 2023 vis-à-vis vun RTL zouginn hat, datt et wéinst Changementer um Niveau vum Personal Problemer beim Bezuele vun de Rechnunge ginn hätt. Elo ass et d'Nouvelle, datt d'Oschterbour SA, déi Entreprise, déi den Immobilieprojet zu Uewerkuer realiséiere sollt, faillite ass. Fir déi concernéiert Leit bedeit dat weider Onsécherheeten, Marc Hoscheid.

13/02/2025 BAND Faillite Oschterbour SA 18h10 (online) OK!!!!!