D’Präishausse vun de Stroumrechnungen ze erklären ass schwiereg, well do méi Ursaache mat era spillen. Dat sot den Direkter vun der Encevo*, de Claude Seywert, de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.D’lescht Woch hate mer hei op der Antenne e Reportage vun enger Famill, där hir Rechnung ëm 75 Prozent an d’Luucht gaangen ass. Wéi déi Hausse do zustane kënnt, kritt den Direkter vun Encevo sech allerdéngs net erkläert, Annick Goerens
Zanter dem Ukrain-Krich stéing den Energie-Secteur och ëmmer méi am Fokus vun Cyber-Attacken. Et kéint een dervun ausgoen, dass déi Attacken aus Russland kéimen. Dat géing vun harmlose Phishing-Emailen goe bis hin zu Versich fir Viren an de System ze schleisen. Do hätt een intern d'Equippe bei der Creos och däitlech verstäerkt fir déi kritesch Infrastrukture besser ze schützen.