Knapp 3 Joer nodeems de Krich an der Ukrain ugefaangen huet, hunn Delegatiounen aus den USA a Russland sech nees fir Gespréicher zesummen un en Dësch gesat. Op béid Säite sinn och d’Ausseminister mat dobäi. Saudi-Arabien hëlt dobäi d’Vermëttlerroll an.

Et sinn déi éischt Gespréicher an dëser Dimensioun zanter dem Amarsch vu Russland an d’Ukrain, de 24. Februar 2022. 

D'Diana Hoffmann ass bei mir am Studio. Diana, wourëms geet et da bei den Diskussiounen, weess een dat?

18/02/2025 Ukrain Peace Talks 12h15