Um Weltfraendag stoungen d'Fraerechter haut och am Mëttelpunkt vun der Emissioun Background. Mat der Chancegläichheetsministesch Yuriko Backes, der Milena Steinmetzer vun der Plattform JIF, déi de Fraemarsch haut organiséiert huet, an der Ana Pinto, Presidentin vun der Associatioun "la voix des survivant(e)s". Déi dräi ware sech eens, datt och Lëtzebuerg net géint déi aktuell Tendenze geschützt ass fir Rechter vu Fraen a Minoritéiten a Fro ze stellen. Claude Zeimetz
08/03/2025 Background Fraendag - Claude Zeimetz
Am meeschte gelies