D’Geschicht gëtt dacks aus dem Ae vun de Gewënner erzielt – an Fraen  sinn dacks an dëse Versioune kaum méi wéi eng Foussnout. Déi néi Ausstellung " Widerstand, Verfolgung, Deportation", déi haut um Weltfraendaag am Nationalmusée fir Resistenz a Mënscherechter zu Esch opgeet, mécht genee dorobber opmierksam. Si erzielt vun deene Fraen, déi sech  am Zweete Weltkrich géint d’ Ënnerdréckung gewiert hunn, verfollegt a verschleeft goufen. Emmanuelle SCHMIT

08/03/2025 Widerstand, Verfolgung, Deportatioun / Reportage : Emmanuelle Schmit