De Marc Lies erkläert seng Ausdrocksweis am interne Schreiwes esou:
CUT
Et ass awer eben och d'Form déi Froen opwerft. Fir de Stephen de Ron vun déi Gréng en No Go:
CUT
De Stephen de Ron seet, hie géif déi geziilt Diffamatioun an där Mail schlëmm fannen. Ze behaapten, datt hien géint e "huis clos" verstouss hätt a geheim Informatiounen an Dokumenter mat der Presse gedeelt hätt, dat wier einfach eng Ligen, eng falsch Beschëllegung an eng bewosst Diffamatioun.
Den CSV Député-Maire Marc Lies schwätzt dogéint vu Mobbing.
CUT
De Gremium war déi lokal CSV Sektioun. De Stephen de Ron erwaart sech vun der Gemengerotssëtzung an där hien -wéi de Marc Lies geschriwwen hat- den Dicks soll geriicht kréien, datt d'Oppositioun an hirer Roll respektéiert gëtt. Si hätt hir Aarbecht gemeet a Froe gestallt.
CUT 4
De Stephen de Ron betount datt seng berufflech Integritéit säi Kapital wier, als Politiker an als Affekot. Wie géif probéieren dee Ruff mat falschen Accusatiounen ze schiedegen, misst dofir Verantwortung iwwerhuelen.
A vum Marc Lies heescht et, datt hien aus gutt informéierte Kreesser weess, datt eng Plainte pénale géint d'Oppositioun vun Hesper virläit.