Dräi Zeien hu gëschter viru Geriicht erzielt, wat si den Owend vum 20. Januar 2023 um Trainingsterrain vun der Escher Jeunesse gesinn hunn. Respektiv u wat si sech nach erënnere kënnen. Et gouf nämlech däitlech, dass et schonn iwwer zwee Joer hir sinn, dass e Mann do déidlech blesséiert ginn ass, nodeems hie selwer mat zwee Messeren arméiert op engem Training vun der U13 vum Futtballveräin opgedaucht war.  
Pierre Jans

13/03/2025 BAND Suite Jeunesse -7.15- jans (RADIO)