D’EHTL, d’Ecole Hôtellerie et de Tourisme Luxembourg hat dëser Deeg hire 75. Anniversaire gefeiert.
Ënnert de Gratulanten och de Weltverband President vun de Käch, Andy Cuthbert. De Worldchefs President, e gebiertegen Australier deen elo schonn zënter 20 Joer zu Dubai lieft a schafft, gouf am Oktober 2024 op dee Poste gewielt.


De Christian Schmit hat hien um Bord vun der Seance académique am Interview.

18/03/2025 Interview Weltverband President vun de Käch (MAT USO)

Vum Teller Wäscher bei sengem Cousin am Restaurant zu Melbourne zum General Manager an engem vun de renomméiertsten Hotel Resort‘en an den Emirater, an elo Weltverband President. 
Wou leien d’Erausfuerderungen fir Zukunft an der Gastronomie, wéi kréie mir d’Welt Bevëlkerung ernäert, Stéchwuert „My plate my planet“.

Also fir eis als Käch ass et wichteg dass mir am Stand sinn ze wëssen, an eis bewosst sinn vu wou eis Produit'en, Liewesmëttel eigentlech hir kommen. Wéi kënne mir dës am beschte verschaffen a wéini soll dee Produit verschafft ginn. E gudde Frënd vu mir an de Vereenegten Arabeschen Emirater, d'origine aus Syrien sot mir, vläicht sollte mir eis erëm méi dorop besënne mat Iesswueren aus eisem eegene Land ze schaffen, a Plaz ëmmer alles ze importéieren. Ingredient'en benotzen, wäertschätzen a kucken déi mat anzebréngen déi aus engem sengem eegene Land a Kulturkrees stamen, fir dann an eiser Kichen esou Rezepter ze verfeineren.
Et gëllt och den Ënnerscheed ze maachen wat wierklech nohalteg wier, ass et just Green Washing, déngt et just dofir fir vill Follower op Social Media ze hunn.
Gesäit och Worldchefs an der Responsabilitéit fir dass manner Liewesmëttel ewech gehäit ginn.

Wann e gesäit wéi vill Liewesmëttel all Dag ronderëm d'Welt ewech gehäit ginn, dat ass enorm. A wann e gesäit dass Baueren hir Recolte zerstéieren aus wéi enger Ursaach och ëmmer. Dat dierf net sinn, dorunner musse mir schaffen. An dee Message musse mir als Worldchefs Association weider ginn un eis Memberen, awer och duerch Educatioun an der Schoul. Eise Worldchefs Grupp

"Feed the planet" muss dee Message un di jonk Generatioun kommunizéieren, fir dass déi sech deem Probleem méi bewosst ginn. 

Jo de Nowuess leit dem Andy Cuthbert besonnesch um Häerz. Si fir de „Power of the white jacket“ begeeschteren.

De Nowuess muss iwwerzeegt an ënnerstëtzt ginn fir mat Passioun an hirem Job ze schaffen an ze bleiwen. Net just fir 10 Joer mee fir hir ganzt Liewen, esou wéi mir eis e Liewe laang der Gastronomie Industrie verschriwwen hunn. Mee bei déi Entwécklung vu jonke Käch musse mir hinne nolauschteren wat si wëllen, an hir Dreem verstoen. Mir mussen hinnen di Dreem vun der Gaascht Frëndschaft an der Gastronomie déi mir erlieft hunn verzielen, genee wéi eis Experienz déi mir erlieft hunn. 

D’Worldchefs Assocatioun gouf 1928 vum August Escoffier op der Sorbonne zu Paräis an d’Liewe geruff.
Un deem Centenaire plangt e schonn, de Wonsch ass et schonn dass zu deenen nobäi 100 Länner di Member sinn, der nach dobäi kommen, esou de Worldchefs President Andy Cuthbert. 
An et wëll e weiderhin den unerkannte Porte Parole fir Käch ronderëm de Globus bleiwen, awer och den Uspriechpartner fir d‘Liewesmëttel Industrie, voire mat gréisseren Organisatiounen wéi de United Nations an der WHO, der Weltgesondheets Organisatioun zesummen ze schaffen. 

An da komme mir op d’EXPOGAST an de Culinary World Cup ze schwätzen. 2026 am November mam Andy Cuthbert als Welt Verband President um Rendezvous?

Oh jo dat gëtt nees e grousse Moment. D'Qualitéit vun der EXPOGAST mat den Ekippen déi kommen, di ganz Organisatioun, de Support vun de Studenten aus der Hotelschoul am Service. D'EXPOGAST, dat ass fir mech eng Kompetitioun déi kee verpasse sollt,  elo als President vu Worldchefs nach méi besonnesch, an ech wäert dobäi sinn.

RTL
RTL
RTL

 

RTL

Ofso Speaker:            Do kréie mir jo vum President vu World Chefs gutt Zensuren ausgestallt. Mir freeën eis dann och schonn op di nächst EXPOGAST an de Culinary World Cup am November d'nächst Joer.