Enn Februar hat de Schäfferot vu Bettenduerf eng Informatiounsversammlung organiséiert, op där et och ëm de Referendum iwwert d'Nordstadfusioun den 23. Mäerz goung. Deemools haten déi zwee Schäffen Andy Derneden a Lucien Kurtisi déi aner 4 Nordstadgemengen dofir kritiséiert, datt Bettenduerf net op Aenhéicht behandelt an an den Eck gedréckt gi wier. Si haten dat ënnert anerem domadder begrënnt, datt Bettenduerf leschte Summer vun den Aarbechtsgruppe ronderëm d'Fusioun ausgeschloss gi wier. Dorobber hat de Spriecher vun der Nordstad, Claude Gleis, reagéiert a gesot, déi Duerstellung géing net der Wouerecht entspriechen. De Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen hätt nämlech vu sech aus proposéiert, datt seng Gemeng net vun Ufank u bei den Aarbechtsgruppen dobäi sollt sinn. Dee wëllt dat awer net einfach esou stoe loossen, Marc Hoscheid.
BAND Update on Nordstad
12/03/2025 BAND Update Nordstad 17h40 (online)
Am meeschte gelies