Réi, Huesen a Bodenbrüter, déi elo am Fréijoer bis an de Summer op d’Welt kommen, leie ganz gär am héije Gras oder an de Kärefelder fir sech ze verstoppen a ginn doduerch dacks Affer vu Méimaschinnen. Dofir huet sech den Landwirtschaftsministère zesumme mat der Asbl Sauvons Bambi an der Jeeërfederatioun zesummegedoen fir dorobber opmierksam ze maachen, Annick Goerens
Well et geet drëm souvill wéi méiglech Réikitzen ze retten an dat geet just an Zesummenaarbecht mat allen Acteuren. Virop huet den Nico Eich, selwer Jeeër an Dronepilot, dee mat der Asbl Sauvons Bambi zesummeschafft, en Appell gemaach.
“Bauere weg mellt Iech mat Zäit bei den 2 Acteuren. Dat heescht vun der Jeeërfederatioun a vu Sauvons Bambi. Maacht e Méiplang a sot eis wéini dir ongeféier méint. Mir kartographéieren hir Terrainen. Déi ginn an d’Fernbedienung agespeist an de Pilot geet dann dohinner.”
D’Responsabilitéit läit op alle Fall fir d’éischt beim Bauer dem d’Feld gehéiert, betount och den Vizepresident vun der Jeeërfederatioun Marc Reiter.
“Dir hutt do der enger an der aner. Et si ganz vill Leit, déi wëlle matschaffen, mä dir hutt natierlech ëmmer verschidden Herrschaften, déi dat vläicht net, aus wéi enge Grënn och ëmmer, maachen. A mir mussen déi iwwerzeegt kréien. Déi Leit, déi dat net maachen, mussen sech iergendwa bewosst sinn, dass se géint Gesetz verstoussen. Mir hunn en Déiereschutzgesetz, wat ganz kloer ass, wat jiddereen opfuerdert engem Deier kee Leed ze dinn. Dat zielt genausou fir de Bauer wéi fir déi aner Leit och.”
Och fir de Christian Hahn President vun der Landwirtschaftskammer ass et kloer, dass d’Baueren hir Verantwortung ze droen hunn. Mä:
“T’ass ëmmer Zäitdrock déi Saison. Wann d’Wieder gutt gemellt ass, als Beispill wéi d’lescht Joer, da wëll een och séier virukommen. Dofir soll een och mat Zäit Kontakt ophuelen, dass déi Leit bereet sti fir den Ament, wou ee méint. A wat eben ass, wann een Hee méint an dat geet ebe méi spéit an de Juni eran, da kënnt d’Technik un hir Grenzen, well een eben mat thermescher Kamera flitt. Et gi vill aner Methoden. Lassméinen den Dag virdrun oder Géigestänn ophänken, déi Kaméidi maachen oder blénken.”
Et wier och all Bauer drun geleeë keen Réikitz z’erwëschen, net just well een dat mënschlech net wëll, mee och well duerno d’Fudder fir d’Béischten net méi ze gebrauchen ass. D’Initiativ ass vum Landwirtschaftsministère ausgaange fir all d’Acteuren un en Dësch ze bréngen. Déi zoustänneg Ministesch Martine Hansen:
“Déi gréisst Erausfuerderung ass éischtens wa geméint gëtt, dat ass e kuerzen Zäitraum. Virun allem elo den éischte Schnatt, fir dass mer do genuch Fräiwëlleger hunn, déi, wann de Bauer sech mellt, mat hëllefe ginn op den Terrain. Dat heescht, mir brauchen Dronepiloten a mer brauche Leit, déi wann den Dronepilot e Réikitz fonnt huet, déi mat ronderëm si fir d’Réikitz sichen ze goen an et duerno nees zeréckzesetzen. Do brauche mer definitiv nach Fräiwëlleger.”
De Landwirtschaftsministère gëtt dann och eng finanziell Bäihëllef fir d’Formatioun vun Dronepiloten an vun deene Leit, déi mat de Réikitzen ëmginn an ënnerstëtzt och d’Asbl Sauvons Bambi, präziséiert nach d’Martine Hansen.
De Landwirtschaftsministère huet dann och en Inventar erstallt mat enger ganzer Kartographie, wou de Bauer direkt erëmfënnt wien a senger Gemeng de richtegen Uspriechpartner ass.